Waat een Stress ...
Donneschtes fueren ech bei meng Remorque, an muss mat entsetzen feststellen, dass se deels futti as. Dei Konstruktion vum Firgenger aus Holz huet net gehaal. Um Daag sin 2 Laaten gebrach ennert dem Wasserdrock.
Et haaten sech bestemmt 200-300 Liter Wasser an der Dell, dei sech do gebildet huet, ungesammelt. Onmeiglech einfach d'Bache an d'Luut ze drecken, fir dass d'Wasser roofleeft. D'Leisung wär d'Remorque un den Auto ze klemmen, an einfach lass ze fueren. No puermol bremsen an puermol kräfteg an d'Keier fueren, wär all d'Wasser roof. Gott sei Dank wär keen Auto hannert mir, deen hätt soss bestemmt 50-100 Liter oofkritt. Ech haat genuch Wasser drop, fir op 2-3 Km d'Stross ze iwwerschwemmen.
Nodeems d'Wasser dun all roof wär, haat ech decideiert, dass dei sollt nach bis een Sonnden gefleckt gin, an dass eng metallen Konstruktion amplaatz muss. Freides wär awer keng Zäit, no der Schaff, wär ech nach bei een en Computer flecken, an dono an den Kino mat Kollegen. Samsdes Moies dun an den Hoffmann Schwall gefuer hei zu Miersch. Dei wollten 25 Euro fir 2 Meter 4Kant Rouer??????? 4 Meter laang Stecker haaten se mol net. Dun bei den Thiefels, deen haat 3cm 4Kant Rouer 6 Meter laang. Haat dun insgesamt 17 Meter geholl, fir 34 Euro.
Den ganzen Samsden dun gebastelt, an der Hoffnung färdeg ze gin. Daat ganzt huet awer dodrun gescheiert, dass ech net Schweessen kann. As guernet sou einfach
Falls also een Schwessen kann, kann en mir gären nächsten Weekend hellefen.
Nujee, schlussendlech dun Owes um 18 Auer opgin, rem d'Holzkonstruktion drop, an bei den Kolleg gefuer, sain Motorrad oplueden. Dono bei mech, alles seier an d'Remorque geheit, an dun fort op een Pokertournoi um halwer 8. Pokertournoi Tip Top verlaaf, just um Final Table dun Suck Out. Soutz am BB, an haat nach 5 BB. K, 7 an der Hand. Konnt checken, Flop K 7 8 Rainbow, mir wären zu 3 am Pott, een vun deenen 2 setzt mech All In, ech callen. Hien haat K 9, deen aaneren as rausgaang. Um Turn koum dun direkt eng 9. Zack 5 Stonnen fir näischt gespillt, an just 7ten gin. Ab 4t Plaatz hätt ech genuch Goss kritt, fir Teilnahmegebühr um Nürburgring ze finanzeieren. Um 1 Auer dun doheem unkomm. Seier an der Remorque alles festgestreckt an um halwer 2 dun an d'Bett. Emmerhin nach 4,5 Stonn Schloof also
Abeemol um 3 Auer geet main Handy, Frendin drop, wou ech drun wier ????? Dir kennt ierch firstellen, wei frou ech deen moment wär, dass hatt sech "Suergen" em mech mecht
Nujee, um 6 dun opgestaan, Remorque un den Auto geklemmt, lassgefuer bei den Kolleg. Halwer 7 dun endlech ennerwee fir op Nürburg. Do net direkt d'Fahrerlager fonnt. Deen Wee wou ausgescheldert wär, wär mat Gitteren versperrt. No 15 Minuten rondrem fueren, dun een gesin, deen den Wee wosst. Laanscht den Hotel Dorint sin mer dun an d'Fahrerlager komm. Mettlerweil wär et halwer 9. Um 9 sollt mäin eischten Turn sin. Ech hun mech awer nach missten unmellen an bezuelen (wär nemmen per Email ungemellt), Kontaktlensen undoen, Kombi, Helm, Hännchen, AN D'REENPNEUEN NACH VUM HHR WIESSLEN. (Samsdes wär keng Zäit mei dofir, well do den ganzen Daag fir dei metallen Konstruktion an den Poker drop gaang wär.)
Wär leider näischt gin, fir 9 Auer dun prett ze sin.
Haat dun gefroot, op ech kinnt d'Suen evtl fir deen Turn remkreien, oder an engem aanerem Turn matfueren. Wär awer leider nix ze maachen. Iwwregens, ech fannen den Doc Scholl net super, wär meng 1ten Keier mat him, an direkt eng Schlecht Erfahrung. Et wär awer net dei eenzeg schlecht Erfahrung. Speider nach mei dozou.
Soit egaal, ech wär sou midd, dass mech daat ganzt mol net gestresst haat. Ech hun mech op daat gudd Wierder an op dei 3 verbleiwend Turns dun alt gefreed.
Mettlerweil wär et dun Zäit, fir dass main Kolleg op d'Piste koum. Während deem as eng Frendin dun vun mir och unkomm. Hatt wär mam Auto nokomm, an haat och Probleemer fir d'Fahrerlager ze fannen.
Mir hun dun nach bessi geschnesst, an dun wär et endlech un mir. Meng 1ten Keier um Nürburgring. Ech muss schon soen, eng cool Streck, ech fannen se vill mei Interessant, wei den Hockenheim. Dei eenzeg Keier dei mech genervt huet, wär dei rieds no der S/Z. Mat der Kopp do firdrun, hun ech 2-3 mol den Bremspunkt ze speit ungesaat, an sin dun emmer bessi wäit rausgefuer. As awer nix passeiert, as jo nach genuch Asphalt hannendrun
Zreck zum Doc Scholl. Punkto Organisation eng Katastrophe. Et gouf mengen ech net wierklech kontrolleiert, ops de berechtegt wärs do ze fueren oder net. Jiddenfalls haaten mir an der fräier Grupp (dei aaner wären Instruktor, bzw Schnupperrunde für Gottesdienstteilnehmer) abeemol een mat Top Case op der Streck, an och eng Koppel, dei zu 2 um Motorrad soutzen ??????
Dei fräi Grupp wär och soueppes vun Inhomogen. Deels sin ech laanscht d'Leit gebriedert, an deels sin aanerer laanscht mech gebriedert, ech well net wessen, wei seier dei laanscht dei lues dann mussen gebriedert sin.
Leit mat futtissen Hännchen an Klapphelm goufen och op d'Piste geloss.
Also an der Hinsicht huet mech daat ganzt wierklech krass un eng Touristenfahrt erennert.
D'Fahrerlager wär och minikleng. Mir wären all op een 1/3 vum Fahrerlager zesummen gepferscht gin, weinst der Gottesdienstveranstaltung. Do wären iwwert 10 000 Motorrieder iwwregens herno am Fahrerlager. Fir op d'Piste ze kommen, hues de dech awer emmer duerch dei missten schlänglen. Daat wär egaalwaat. Zudeem haat ech och, bei souvill Leit, Angscht, dass herno net mei alles an mengem Unhänger wier. Gott sei Dank kruut ech awer näischt geklaut, bzw ech hun nach net festgestallt, dass ech eppes geklaut kruut.
Alles an allem,wär et awer cool, eng nei Streck kennen ze leieren. Meng Zäiten kann ech ierch net soen, huet leider keen mech gemoosst, an haat och keen Transponder drop.
Waat ech och schlemm fonnt hun, wou ech awer net wees op et stemmt, well ech et just vun den Noperen aus dem Fahrlerlager gezielt kruut, wär dass een no engem Kiesbettbesuch onmächteg gin wär, an dass d'Ambulanz Krempes haat fir mat Zäit dohin ze kommen, weinst all deenen Leit.
Ech denken, wann dei iwwert 10 000 Motorrieder net do gewierscht wieren, wier vill manner Chaos gewierscht. Gin dem Doc Scholl dofir nach een mol eng Chance, mee wann et nach een mol sou ähnlech katastrophal oofleeft, dann gin ech net mei mat deem op d'Piste.
Hei nach puer Biller :