Also ech probeieren hei e puer Sachen opzezielen wei ech se wichteg fannen, wann ech eppes falsch sollt soen w.e.g. verbesseren, an awer och gären kompletteieren wann dir aner wichteg Sachen hudd!!
Ungefangen bei dem Fuerer selwer:
- W.e.g. NET mat Stofften Kombi op eng Rennstreck goen, dei meescht serieux Unbidder loosen iech eh net sou fueren!
- Fir iech zousätzlech ze schützen geif ech mech net op dei orig. Protektoren, resp. Zoubehör Protektoren verloosen welch an den Liederkombis sin, mee ech hun en Shield enner menger Kombi. Wann dei engem ze deier sin dann awer onbedenkt falls är Kombi Softprotektoren dran huet dei gengt hard Zoubehörprotektoren tauschen, well dei Softdenger brengen neischt dat ass nemmen Dekoratioun!
- Ech selwer fueren um Circuit nemmen nach 1'Deeler Kombis, keng 2'Deeler mei, do ass den Risiko dass beim faalen Tirette duerchfiert resp. se beim dreihen opgeet, an dann rutscht en awer mam Reck iwwer den Circuit!
- An richteg fest Schongwierk, net dei mell 49.90 Euros Plastik-lierder Aktiounsschong aus denen bekannten Daitschen Butteker

Lo mol e puer Sachen zum Motorrad:

- Hei sin Unfuerderungen ganz verschidden, bal emmer gefroot ass Nummerenscheld rof, ass och besser eng Gefoor manner wann en faalen sollt. Dann Luuchten an Winkeren raus oder opmannst ofgepecht. (falls en fällt gin dat sos gefeierlech Deeler fir dei aner Fuerer)
- Zu den Crashpads heiert en ganz verschidden Meenungen! Ech selwer hun der drop, an war frou dass ech se um Accident lescht Joer drop haat, awer et sin och Leit dei soen wann dain Motorrad um Circuit rutscht an dain Crashpad bleiwt hannert den Saitensteng hänken schleidert et dain Motorrad op dei aner Sait an du huest mei futti wei anescht,.. dat muss jiddereen fir sech wessen, dat ass wei Loto


- Meeschtens an den ABG's vun den Bedreiwer ass en gesecherten Flessegkeetskreeslaaf verlangt, et hun awer nach nie gesinn dass et kontrolleiert gin ass!? Ech fannen et eng gutt Sach, hei e puer Beispillbiller vun menger Z1000:
D'Uelegofloosschrauf duerchbuert an dann mat engem Droot gesechert:

Den Anfelldeckel duerchbuert an en klengen Blech ungeferdegt, mat enger anerer Schrauf dann ungeschrauft an dat ganzt mat Droot gesechert:

Nach e puer Tips an Tricks fir all onerfahrenen Circuitfuerer:
- Den Serienloftdrock ass ze heisch fir um Circuit ze fueren, hei ass dat einfachst sech mol bei e puer Fuerer mat der selweschter Maschine ze emfro'en sierf et um Circuit oder an engem Markenspezifischen Forum, dann testen an selwer rausfannen wat engem am beschten passt! Dei eischt 1-2 Ronnen fiirsichteg fueren bis Pneus'en Temperatur hun!
- Pneus'en weisen schnell baussen sou eng richteg unsammlung vun Gummi op, wann do zevill sech sammelt, w.e.g. mam Cutter an Heisluftfön firsichteg eweghuelen, well sos kann en doweinster mol eng keier ellen un rutschen kommen wann en op der Kant fiert!
Wann en Zait huet leiwer weghuelen fir keen Risiko anzegoen:

- Dann kann en sech nach mat klengen Tricker hellefen wat net vill muss kaschten.
Op an Ofluerden vun der Remorque ass no engem Daag Rennstreck schon schweier genug, dann sin kleng Hellefen fir en schnellt unstrecken vun der Maschine super praktesch, hei mein Trick fir Heck vun der Z1000 wou ech sos misst Verkleedungsdeel rof bauen an Seel nemmen schlecht duerchgezunn kreien:

einfach anhänken an unzeihen, mega liicht an ech wees net wat dorunner gefeierlech sollt sin!
Pit