Moien,
ech hun mech emol hei ugemellt an der hoffnung dass deen een oder aaneren mer kann e bessen weiderhellefen.
An zwar sichen ech Motosgeschäfter an der Belg dei net ze weit vun Letzebuerg bzw Arlon/Martelange deen eck ewesch sin.
Well zu Treier an hei zu Miersch hunn se leider neischt do waat mech interessiert an lo probeieren ech eben meng sich e bessen ze erweideren waat Kleeder betrefft dei een um Motorrad benotzt.
Bzw falls et hei nach aaner Geschäfter gin wei HG oder Moto-Land oder eben puer Garagen mat just kleeder vun den Marken dei Sie och als Motorrad verkaafen, dei awer nawell nach eng gudd auswiel hunn geing et mech och interesseieren wou dei wieren.
Ech sin Dankbar fir all Adresse dei dir mir soot.
Waat d'Auswahl mei grouss as waat besser! (Spezifesch sichen ech eng Textiljacket ech hu mer der lo schon e puer bestallt an probeiert me leider wor bis ewell nach neischt dobei waat gefällt oder richteg setzt.)
Mfg